© Autocrossteam Lagodny John Lëtzebuerg
Mir probéieren iech hei um lafenden ze halen, mat den aktuellen Resultater.....
05/10/2011....esou dann elo no e puer Deeg Ofstand, an vill Roserei well ech dann heimadder d'Saison ofschléissen. Esou séier kann et am "Sport" goen, déi eng Deeg bass de uewen a kuerz drop duerch Ëmstänn déi's du selwer nit kans beaflossen, fälls de zreck an muss deng Titelchancen all begruewen. Jo och dat muss de als Sportler x wech stiechen zemools wans de zum Schluss an gläich 2 Kursen durch Leit ofgeschoss gëss, déi dat ganzt Joer iwwer naischt mat dem Championat ze din hun/haten, an déi da mengen si missten irgendwéi op den läschten Drecker nach all Mënsch beweisen ewéi gudd si wieren ..... dat hun ech gesin ... an leider och erliewt ( Frankräich + Italien ) .... do muss de oppassen dass de nit esou een aus dem Buggy hëlls ........ nujee ..... ech soen iech trotzdeem alleguerten MERCI fir déi Ënnerstëtzung déi och dëst Joer rëm vun iech krut, x kucken wat näechst Joer um Programm steet, allez bis dann John
23/08/2011....4.ten....an Ungarn..... schons erëm....."Merde".... sou lues musse mir eis Gedanken maachen.... wéi mer e puer Punkte méi op eise Konto kréien. Mir sin elo an der Endphase an do gët alles "Cash" bezuelt.... Nujee äennere kënne mir dat elo nit méi, musse lo dat Bescht nach eraus huelen a kucken wat derno ënner dem Stréch iwwreg bleiwt, hoffe genuch, well lo gi mer a Frankräich op deenen hiert Heemspill, nom Motto Alles oder Näischt.... ?? !!... John.
17/08/2011.... 4.ten dann......hmmmmmmm. Jo ass am Endeffekt nit schlecht fir zu Prerov/Tscheschei, wann ech bedenken wat d'läscht Joer hei war...... Heiansdo muss een och mat esou enger Plaz zefridde sin. Haaptsaach nit ausgefall, well esou eppes géif zu dësem Moment ferm wéi doen. Bleiwen menger Meenung no elo nach 4 Läit déi a Fro kommen fir den Titel.....sou wéi d'Spannung klëmmt, sou geet och d'Nervösitéit bei verschiddene Piloten an d'Luut ,do muss een op alles gefaasst sin,..... vun elo un muss alles passen soss......léiwer nit drun denken, elo x kucken wat eis an Ungarn erwaard, hoffen x nëmmen dat Bescht. ! ( Wort / R. H. )
07/07/2011.....Esou mir hun dann 1x gewonn an dat dann bei den Tcheschen, ...... hirt Heemspill w.e.g. a wéi mir gewonn hun, jo mir haten en "Super Setup" un den Dag geluet oder besser gesot un den Auto, d'Jongen haten irgendwee déi richteg Schlësselen (17. an 19.ter) fond !! ne, an d'Resultat dovu war, dass dunn de Chauffeur och nach op Zack war !!! an dofir hu mir zu Nová Paka / CZ am decke Reen / Bulli gewonn.... Elo sin ech x gespaant waat eis zu Prerov erwaart, déi wäerten elo all gelueden sin, ..... ma mir och, dat kann ech iech awer soen ..... allez bis dohin, dir wësst jo .... drecken, drecken. drecken ...... John.
29/06/2011.....Jo,jo.. esou geet dat, an de Virleef nach alles paletti, an dunn um Start vun der Final beim Opwiermen vun de Pneuen hun d'Schrauwen vum "Cardon" nit méi matgemaach, ass bal ee Wonner dass ech iwwerhaapt nach fuere konnt ... nujee .... ka jo nit ëmmer alles riicht goen an "Deutschland".... 8.te Plaz ... grrrrrrrrrrrrrrr .............. hop op déi näechst Kurs an kucken wat do alles lass ass ... bis dann, an nit vergiessen Daumen drecken w.e.g ....... bis dajee John.
29/05/2011.....Yehhhhhhhhhhhhhhh geet dach, ne..... 1schten an "Deutschland"...ne....
24/05/2011.....No 3 Kursen dann hei 1x ee klengen Zwëschebilan.....am Portugal esou wäit alles gut gelaf..mir haten ee "klenge" Problem mat dem Pont dee mer awer Gott sei Dank nach behuewe kruten an doduurch och ee ganz gudd Resultat um Enn. Jo dëst Joer kann ët sin dass d'Fransousen virbäi eng Roll wäerte mat spillen, gudd Material an gudd Chauffeuren, jo esou äennert sech all Joer d'Bild. Duerno am Frankräich, op enger neier Pist, an d'Jongen vun der Tricolore op hierer Mëscht waren einfach nit ze bremsen an nit ze schloen, do war ët besser mat Verstand op dei 3. Plaz ze fueren, ewéi weg ze fueren, ne... !! Esou, den Hummer dann a Lettland.... wahnsinneg Läit, ech schätzen >15000 ...!!! Dat ass kengem ze erklären deen dat nit mat erlieft huet , dat ganzt huet do Ausmoossen !! Déi ganz FIA-Spëtzt war och présent, huet mer awer am Endeffekt guer näischt bruecht.... no der 1schter Sessioun hat ech Beschtzäit gefuer .....an der nächster Sessioun ass mer dun esou ee schnellen Däitschen (hien huet zumindest gemengt hien wäer ee Schnellen) mat sengem Schutzbigel an mäin viischt Rad geknallt esou dass nom Sprong kee Rad méi do war....mir hun nach probéiert eppes ze retten, ma ët war einfach zevill freckt...also "ausser Spesen nichts gewesen", an duerfir all déi Kilometer, hätt ech besser op der Terasse doheem gesiess, nujé ewéi soen se sou oft " that's Racing "....dorops kann ech awer verzichten...ne. Also bis dann an Deutschland ne, "Neues Spiel, neues Glück" kucke mer 1x !! John
27/03/2011.....Esou mir hun dann elo och hei e puer Fotoen vum neien Buggy-2011 dra gesat, nodeems hien jo schons eng Zäit durch den "Facebook" wandert......dëst Joer fuere mir dann an neie Faarwen, awer nit nëmmen... ?? !! John
15/02/2011..... Moien alleguerten, hei sin ech erëm, nodeems mer gudd gefeiert hun zu Oslo an Norwegen, do war ët ganz schéin....(an och ganz schéin deier)... ne an durno dann zu Mondorf, !!!! besser konnt de Kontrast jo bal nit sin, si mir schons eng Zäit amgaang en neien Auto ze bauen..... dat heescht also dass ech och dëst Joer d'EM-2011 komplett fueren wäert !!
Ech hoffen an zielen erëm deck op Ënnerstëtzung vun iech allguerten genau sou wéi d'läscht Joer, déi Szenen aus dem Frankräich mat dem "Lëtzebuerger Léiw", Pardon Léiwen wäerd ech esou bal nit vergiessen. Traureg ass nëmmen dat hei am Land den Autocross keng grouss oder besser gesot praktesch guer keng Unerkennung fënnt, nujee mir hun der jo och esou vill déi an enger EM mat firbäi fueren! Ma egal, wéi schons gesot si mir amgang eis op d'Joer 2011 ze préparéieren,an et wäerten alt erëm e puer Neierunge kommen,ech dierf wéi ëmmer näischt weider hei soen....Schued,jo ech weess....mee dat ass eben esou,mir versichen eis nei Saachen esou lang wéi méiglech ze verstoppen.....bis mer dann ??? Allez ech loossen iech elo,well d'Jongen waarden schons op mech,mir mussen nach e bëssi "vill" schrauwe goen fir dat mer mat Zait fäerdeg gin.Bis dann,ne John
30/09/2010.....Esou "habe fertig" ne et ass dann an Italien wirklech gudd gelaf, ech wëll mech elo hei nit bekloen dat et nit déi 1scht Victoire gin ass awer leider duurch ee klenge "Malheur" méngersäits ass et am Endeffekt nit duer gaang. Dofir ass et awer fir den "VIZE-EUROPAMEESCHTER" duergaang, ech kann iech nit soen wéi zefridden ech am Endeffekt sin no all deenen Startschwieregkeeten hätt ech domadder nit méi gerechent. Nujee, beweist alt erëm eng Kéier dass näischt gelaf ass bis ofgepaff goef, mir mussen do drun schaffen fir 1x de Start vun der Saison esou hin ze kréien wéi den Schluss.
Ech wëll awer haut hei an elo 1x allenguerten dénen déi mer d'ganz Saison hëllefen een décke Merci soen, ugefang
beim Chef an (senger/menger) Cheffin dem Paul Peters an der Madame vun PETERS Autosport Holland
dem Claude an dem Mirco, déi an der lescht schons bal mat dem 17 an 19.ter Schlëssel an der Hand schlofe gaang sin, wiirklech dauernd am Asaatz, ni eng Stonn ze vill ....bravo Jongen an Merci
Menge Sponsoren Améco an Philcars....an dem Romain Heckemanns fir seng Artikelen am "Wort" + an der "Voix"...... plus seng aner Ënnerstëtzung.... mengem Chef dem Jos Koecher op der ArcelorMittal-Biissen ....ewou ech ömmer Congé krut wan ech en gefrot hun .... Merci, Merci, Merci.... ouni iech allguerten wäer ët mer nit méiglech op esou engem Niveau ze fueren !! John
21/09/2010.....Bonjour...retour vun den Fransousen, mat deene mir jo e puer Problémer an der läscht hun, dir erënnert iech bestëmmt un d'Viviane an den Nicolas, ne....jo och ech krut eng kleng "Poussette u meng voiture" vum Här Fransous, an dofir sin ech dann am Endeffekt frou nach zweeten gin ze sin, nujee ass "Racing" ewéi d'Leit soen, ass alles nëmmen geléint. Am grousse Ganzen war ët ee Superweekend, alt erëm muss ech de Jongen an natiirlech och .... oder speziell dem Chef Merci soen fir D'Maschin déi Sie dohi gestallt hun.
Ech muss awer dës Kéier iech allguerten Merci soen, dat hat ech nach nit zënter ech Autocross fueren, esou vill Fändelen vun allen Zorten vun Lëtzebuerg un der Streck, ët war einfach super daat aus dem Auto eraus ze gesin, ech kann iech soen dat motivéiert extra... also nach eng Kéier Merci an vergiesst äere "Roude Léiw" nit wann der kommt, villäicht gesin ech jo deen een oder aneren an Italien zum Ofschloss, 1x kucken op wat fir enger Plaz mer do ofschléissen, ....allez au revoir bis an Italien.
07/09/2010.....Salut alleguerten, hei sin ëch erëm mat Noriichten, ass jo elo an déenen 2 läschten Kursen nit esou schlecht gelaf, ausser dass mer en neien Motor an der Tscheschei hu missen abauen ( bleiwen d'Jongen och am Training )... :-) deen duerno super gaang ass, an esou nach am Endeffekt op eng 3.ten Plaz kom sin, muss der ganzer Equipe dann hei "schons" erëm en decke Merci ausdrecken, ouni si wären déi Punkten do nit méiglech gewierscht....... jo an duerno ware mer allguerten esou motivéiert fir an Ungarn fueren ze goen, an do huet ët jo an der Punktekëscht nach enger gudd gerabbelt, 17 Punkten fir eng 2.ten Plaz abbee merci, war ee Superweekend. Mir mussen elo awer mat 2 Féiss um Buedem bleiwen an 1x kucken wat eis an déenen 2 läschten Kursen erwaard, an op se all mat faire Bandagen kämpfen, sin 1x gespaant ech hoffen dir dreckt mer weider d'Daumen, an dann ewéi ëmmer bis dajee dann,ne..... John. (Wort-Artikel.Pdf vum H.R.)
05/07/2010.....Novã Paka/Tscheschei....Supergau....ass zimlech gudd ugelaf, Zäittraining an 1scht Viirleef schnell ënnerwee, jo an dun wou ët drop ukom ass, jo do huet mäi "Pneu Äddi zur Felg gesot" an dat an der Quali-Grupp do mësst du näischt méi, do fueren se all laanscht dech, du mengs du misst notzt awer alles näischt,war dan eben den Supergau, do hate mer guer keng Chance koumen 1x nit an d' B-Final wëll eis Zäit einfach ze schlecht war.... jo Äddi a Merci....elo ass x Vakanz, hoffen och fir iech bis déi näichste Kéier, kucken wat eis dann erwaard.
28/06/2010.....Daitschland,wat soll ech soen..... wann een héich pokert, dann ass de Risiko ëmmer grouss och alles ze verléieren, dat war an "Deutschland" den Fall, zënter laangem 1x rëm eng Kéier den "Salto" geschloen, versteet sech vum selwen natiirlech mat dem Auto, war ze optimistesch mat enger Kéier ( Kurve !!! ) ne......... an de Chef war duerno "Not amused"............. versteet sech och, esou nom Motto wans de keng Aarbecht hues dann muss de der maachen.....Hat gemengt !!!!! (ech weess wien mengt....) ech giff op däer vu mir nit "beléiften" Streck eppes maachen,jo..... ët war en Weekend gin vun der Reparatur........ an durno dan awer nach iwwert all Zwëschen- an B-Leef op eng 5.te Plaz, heiensdo wir jo eng zweet oder drëtt Plaz an der Endofrechnung besser.....awer wat soll ët, dom gang......an am Endeffekt fueren ech Kursen fir ze gewannen an nit fir ze rechnen, nujé bis dann John. !!!!! ( Wort_Artikel.pdf )
24/05/2010.....Lettland hu mer elo och gepackt, an Yeahhhhhhhhhhhhhhhhhh 1x erëm op de Podium, 3.ten wat fir ee Gefill, super, ech sin esou zefridden, kann ech hei guer nit ausdrecken, an déi Kéier hu mer ët och ouni deen schons bal traditionellen B-Laf gepackt. Super, den Auto ass einfach top dëst Joer, wann dat esou viru geet, ??? "Holz" upaacken, da kéinte mer nach e puer Punkte kréien. Elo hu mer jo baal all déi "" Weltreesen "" hannert eis an da kucke mer 1x wat eis an Daitschland erwaart, war jo do wou ech d'läscht Joer iwwerhaapt e puer Punkte krut, an dann dëst Joer ??? bis dohin, dir wësst jo, Daumen drecken.....w.e.g....... John.
03/05/2010.....Spuenien "habe fertig " ne als 4-ten, ass fir mech an der Rei, sin alt erem iwert den B-Laaf an esou virun, elo musse mir do drun schaffen fir dass mer ouni B an C direkt an d'Final kommen, wäer besser fir eis Nerven.... ma 1x kucken, mir gesin eis dann a Lettland, hoffen ech jo 1x oder sin ierch 1500-km ze vill ? ( Wort_Artikel.pdf )
26/04/2010.....Jo Portugal hu mer elo schons hannert eis, ass nit esou schlecht gelaf iwert den B-Laf an Final kom, dun do natiirlech aus der leschter Rei missten fort fueren, jo an dun hu mer dem "Peters" seng Maschin lafe gelooss, ech kann iech soen d'Bremsen hun ech an deem Laf nit vill gebraucht, an zum Schluss koum eng 4.te Plaz derbäi raus, den Auto schéngt dat ze sin wat mir eis schons d'lescht Joer eigentlech erwaard haten....ee "gudden" Joergang :-) . Ma loost mer mat den 2-Féiss um Buedem bleiwen...et war einfach ee gudde Start an d'Saison no all deene Problémer vum lëschte Joer, an elo fuere mir direkt riwwer an Spuenien, awer nit fir eis an d'Sonn ze leeën, nee mir probéieren ewéi och all déi aner e puer Punkten ze kréien.......""**wats de hues dat hues de""** vun Punkten mengen ech ....ne ......bis dann.
16/01/2010....Hmmmmm,,,,,ech misst mech jo hei 1x rëm eng Kéier mellen ne, zu der "beschassener" Saison 2009, war eppes mat X,........ "war wohl nix" mir hu besser se ze vergiessen, Italien war dat selwecht wéi déi aner Kursen, Quali geet nach an dann jo dann,,,,pfffffffffffffffffff.............am Endeffekt hu mer d'Joer 2009 schwéier Léiergeld bezuelt, 1x kucken wat dëst Joer geschitt, kraze mer alt erëm ee Budget zesummen, well "dat kann dach nit sin" esou eng Saison no all deene leschte Joeren wou et eenegermoosse gelaf ass. Hoffen dir dréckt mer weider d'Daumen fir d'Saison 2010 an mir gesin eis dann villäicht op der enger oder anerer Kurs.Wëll hei awer och rëm nit vergiessen all deenen déi mech ënnerstëtzen, materiell, finanziell an moralesch, ee grousse MERCI ze soen.
23/09/09.......Moien alleguerten,keng gudd Noriichten hu mer, fir d'1scht 1x hat de Paul, mäi Chef ne, eng schwéier Operatioun hannert sech ze bréngen, si hun u sengem" Motor "geschafft, ee By-pass um Häerz gesat, jo war nit fir ze spaassen an bei sou eppes gehéiert all dat anert an de Hannergrond, duerfir si mer och nit a Frankräich an an der Tschechei gefuer...... do gesait een wéi wichteg d'Gesondheet ass, jo de Paul ass um Wee vun der Besserung, an hien schnuppert esou lues rëm Benzin !!! Hopp Paul, mir alleguerten stäipen dech a mir wënschen der nëmmen dat Bescht.
Esou daNn zu eisem Problem an Ungarn, do hate mer gudd ugefang, stungen no der Quali vir, jo an dun huet de Kardan eis am Stach gelooss, all kéiers wann op Asphalt/Beton gestart gët, firt eppes bei der Däiwel, kréien d'Kraaft vum Motor einfach nit emgesaat,dëst Joër schéngt wirklech de "Wuurm" dran ze sin, awer wat soll'e mer maachen, mir mussen einfach do duurch, a mir wäerten och geschlossen do daduurch goen. 1x kucken wat an Italien zum Ofschloss geschitt, loosse mer eis einfach 1x iwwerraschen, allez bis dann ne.... ciao
06/08/09.......Jo moien dann, ech muss jo hei esou lues rëm eppes schreiwen opschons ech dozou nit vill Loscht hun.....mir hun dëst Joer einfach esou vill Problémer dass mer nit no kommen vir se all an de Grëff ze kréien, speziell eis Kräizkäpp halen der Kraft vum Motor nit stand, jo an dann ass et schwéier Punkten ze kréien. Mir haten eis dat doten sécher méi einfach firgestallt wéi mir dru gange sin fir en komplett neien Auto ze bauen, deen jo och nawel e puer Euro kascht, mais bon ët ass elo 1x nit ze änneren a mir mussen elo zesummen do dadurch, sou wéi mir an schéinen Zäiten alleguer aus der Coupe ges.... hun, esou muss mer elo kucken fir dat bescht nach aus der Saison ze maachen, an wann et nëmmen als Test ass fir d'nächst Joer !!!
01+02/08/09.......Lucenec/Slowakei = 0 Punkten ausgefall ...technesch Problémer = Motor gefreckt....
11+12/07/09.......Cunewalde/Daitschland.......Yeeeeah 1x rëm eng Kéier Punkten kritt....6-ten ....ass bal nit ze gleewen, fuere kann ech also nach !!!!
04+05/06/09.......Novã Paka/Tscheschien = 0 Punkten ausgefall technesch Problémer = Kräizkäpp
23+24/05/09.......Bauska/Letland = 0 Punkten ausgefall technesch Problémer = Kräizkäpp
27/04/09.......Spuenien Alcaňiz sin ech jo aus private Grënn nit gefuer, soll dann, wann alles sou leeft wéi ech mer dat virstellen, mäin Sträichresultat gin, mir gesin eis dann a Lettland !!! den 24/05 - bis dajee dann, ne.
20/04/09.......Jo Moien, misst jo 1x rëm eppes hei zum beschte gin. Majo mir waren bis a Portugal gefuer fir an der EM ze starten, ass guer nit esou schlecht ugaang, am Zäittraining an déi 1schte Rei gefuer, dun huet awer e "Kardon" gemengt hie misst eng Paus maachen, anescht gesot ass "freckt" gefuer, Reparatur war OK, Sonndes op 2te Plaz gefuer, an dun ....jo dun rëm ofgeschoss gin, ass jo nit fir d'éischt ne !!!! Duerno B-Final gewon, awer nëmmen op der 10.ter Plaz fort an der A-Final, schlussendlech nach 5.ten gin,....jo sin zefridden. A jo haat lo bal eppes vergiess, mäin Handy, dir erënnert iech jo d'läscht Joer, abé dëst Joer ass mäin Handy mat zrëck kom, :-) ..... allez bis dajee dann, ne. ( Pdf... Wort_R.H. )
09/03/09.......Do sin ech erem, muss iech jo hei eppes klenges schreiwen,...awer wat, froen ech mech....a jo, dir wëllt Fotoen gesin, ne...vun der neier Maschin... ech och .... :-) :-)....an mat dem Congé Sportif schéngt jo elo endlech an d'Rei ze goen, hoffen ech 1x, awer lo schons Merci Rom...ne, jo an da schrauwe mer, ne......hei sin d'Fotoen,... nee do sin d'Fotoen...!!! irgendwou op der Homepage sin déi 1scht Fotoen vum Auto-2009..... bis dajé dann, ne ...John ( Pdf... )
25/01/09.......Sou, elo hu mer jo esou lues alles verdaut.....déi 6.ten an der EM ....an och deen dëcke Poulet vu Chrëschtdag,...... da fuere mer elo virun d'Maschin fir 2009 fäerdeg ze bauen. Fotoen häet der gäer, ne..... mee dat ass esou eng Saach, ech däerf an ech wëll och hei keng weisen bis d'Maschin ganz fäerdeg ass. Dat selwecht gëlt och fir all Kommentar wat fir eng et gët... ???.esou vill sierf hei gesot,ët gët keng mat engem Dinky-Toys...Motor :-) :-)
Dan war do nach en flotten Artikel ( Pdf... ) an der ArcelorMittal-Zeitung,duerfir eisem Direkter vu Bissen en decken Merci, hien huet sech dofir ganz staark gemaach.
Hoffen dir dreckt mer och dëst Joer erëm d'Daumen fir dat mer e puer Punkten an villäicht e puer Victoiren erreechen, ech hu jo nach en Dram !!!!...... mé dir wësst jo am Motorsport...ne....."bum".......an du bass dobaussen, awer looss mer 1x kucken.
04/10/08.......Sou ....ech wollt jo eigentlech hei guer näischt zu Italien an Frankräich schreiwen, Italien war wéi d'läscht Joer "copy/paste", ne.....ausser Spaghetti an Pizza déi waren excellent, mee de Rescht kanns de vergiessen, awer wirklech, technesch Problemer iwwer Problemer, an da Frankräich,ne !!!!! idem ........ma dann awer nach léiwer Problemer an Italien,wéinst de Spaghetti...ne.........an elo ???? jo elo fänke mer alt erem un a kucken op mer fir déi nei Saison ee Budget gestëmmt kréien, a waat ech jo 1x staark hoffen dëst Joer de Congé sportif genehmegt kréien, well all mäi Congé ass drop gaang an nach méi....an dan kucke mer waat Peters Autosport wëlles huet op d'Rieder ze stellen, ët lafe schons Gespréicher am Hannergrond, ASS AWER NACH NÄISCHT SPROOCHRÄIF, heescht also ofwaarden. .... 6.ten Plaz an der EM-2008 net schlecht oder ?
Desweideren well ech dann hei awer och nach eng Kéier speziell dem Romain Heckemanns *MERCI* soen fir déi objektif Artikelen am Lëtzebuerger Wort an an der Voix.
Majo elo gëtt sech dann an de Wanterschlof geluecht :-) :-) bis d'nächst Joer villäicht, an ech hoffen 1x dass ech nit ze schwéier gin (esoss muss den Auto ofspekken !!!) iwwer d'Enn vum Joer mat all deene Feierdeeg. :-) :-) bis dajé dann....ne .... John
01/09/08.......Tscheschei....Yeeeeeeeeeeeeeaaaaaaaaahhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhh, 1.ten....do hues de keng Wierder méi, wou et am Ufank esou miserabel gelaf ass,an elo ......einfach Klass,ech sin esou frou, fir ganz Equipe vun Peters Autosport, mir hun zesummen geschafft, geschafft an nach méi geschafft..... an elo ass den Erfolleg erem do, einfach super, a fueren kann ech anscheinend jo nach !!!,an och wann an der EM mat méi haarden Bandage gefuer gët, mir brauchen eis nit ze verstoppen, elo kucken mir wat nach an deenen zwou leschte Kursen dran ass. Dës Kéier hun der jo genuch d'Rad geschloen,an hiert Material zerluegt......Ciao bis an Italien..... Lëtzebuerger Wort" R.H ( Pdf.... )
25/08/08....... Ungarn .....Yeeaaahhhhh ...4.ten... an der Final, ass allgemeng nit esou schlecht gelaaf, sin heiensdo nëmmen Klengegkeeten déi entscheeden ops de op de Podium kens oder nit, déi Kéier war et eng "Tousch" gewollt oder ongewollt déi mech vun 2 op 4 gehait huet, naja ass Course.... oder anescht gesot sie ass nëmmen geléint déi Tousch...ne !!!! Awer ganz positiv ass, dat eis * voiture " erem vir mat fuere kann, an elo dann op "Prerov" an Tscheschien.
04/08/08....... Yeeeeeeeeeeeeeaaaaaaaaahhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhhh, 1.ten endlech rëm eng Kéier gewon, et war super an der Slowakei,..... an et ass ëmmer rëm en fantastescht Gefill wann een et gepakt huet. En décken MERCI un d'ganz Equipe vun Peters-Autosport déi d'Maschin super préparéiert haten, an och un iech alleguerten déi mech moralesch ënnerstëtzt hun, anscheinend hat der Daimercher genug gedréckt........... an elo get en décken gesoff......, pardon geholl.........PROST ..............Lëtzebuerger "Wort" R.H. ( Pdf.... ) La Voix R.H. ( Pdf.... )
Chronologie......1 + 2.ten Zäittraining....5.ten / 1. Quali....1-ten / 2. Quali....1-ten / 3. Quali....2.ten/ Final . 1-schten !!!!!!!!!!
27/07/08 ......Sin dan erëm aus "Deutschland" vum Matschenberg....ass 1x rëm eppes op d'Lé derbai kom fir ze zielen, Punkten mengen ech, hoffen dat mer 1x puer Kursen hannerteneen Punkten géife kréien, wär gudd fir d'Moral vun der ganzer Equipe an och vu mir, hu guer keng Zäit well de nächste Week-End ass schon erëm d'Slowakei um Programm, kucken wat eis do erwaart, dréckt mer w.e.g. alleguerten fest äer "Däimercher" ....merci bis dan. ..............Lëtzebuerger "Wort" R.H. ( Pdf.... )
08/07/08 .....Majo,et fällt mer schwéier eppes hei ze schreiwen, dir kennt de berühmte Sproch jo nach, ne ausser Sp......,Nová_Paka/Tscheischei war en katastrophalen Weekend, technesch Problemer iwwer Problemer.Do muss de dech beherrschen fir roueg ze bleiwen, déi aner rennen ëm Punkten an du muss nokukken an apaken. Awer wat soll ët, mir mussen eis Hausaufgaben maachen an dann, jo dann rappe mer rem un, allez bis dann, muss elo nach e besschen "vill" schrauwe goen !!!!!..............Lëtzebuerger "Wort" R.H. ( Pdf.... )
29/06/08 .....Ass nit esou schlecht gelaf,an Daitschland endlech 1x rem eng Kéier gewon, B-Final an dun an der Endfinal op déi 7.ten Plaz, elo stin ech dann am Général op 8.ter...zefridden....*JEIN*...... awer keng Zäit fir ze dreemen, mussen direkt d'Tscheschei préparéieren, an all Pompelen....fëllen, ne, dir wësst jo........bis dann zu " Nová Paka / CZ "den 5 + 6 .ten Juli. .......Lëtzebuerger "Wort" R.H. ( Pdf.... )
18/06/08 .....Majo, da looss mer 1x rem eppes hei erzielen, mir ware jo lo besschen a Lettland fueren, (24+25/05) ass jo nawel direkt hei niewendrun ne, genau gesot op Bauska (+/- 1800-Km !!! )an do, jo do sin ech de 6.ten an der Final gin, ass no dem Debakel a Portugal och Zait gin, geet also nach !!!
An elo lafen d'Préparatiounen fir op Seelow - "Deutschland" 1x kukken wat eis do erwaart. A jo, dat mat de Fotoen dat ass dest Joer sou eng Saach, ne...wa mer der dann 1x hun, dann ass d'Qualitéit nit esou, oder, oder.... ma mir gin d'Hoffnung nit op dat mer der nach eng Kéier e puer op den Site kréien.
22/04/08 .....Zréck aus Portugal. Murça war en totalen Desaster, 2ten Motor gefreckt, 0 = Punkten, den Handy geklaut krit etc. etc. ee Weekend fir ze vergiessen, oder anescht ausgedreckt " Ausser Spesen nichts gewesen.
15/04/08 .....Lëtzebuerger "Wort" R.Heckemanns. ( Pdf-Dokument )
11/04/08 .....Hei een Bericht ( Pdf-Dokument ) deen am Lëtzebuerger "Wort" war geschriwen vum R.Heckemanns.
09/04/08 .....Hei een Bericht ( Pdf-Dokument ) deen an der Lëtzebuerger Zeitung "point24" war, geschriwwen vum Romain Heckemanns.
08/04/08 .....Hei een Bericht deen zwar op hollännesch ass an den dir op www.autocrossnederland.nl liesen kënt oder hei bei eis.
01/04/08 .....esou lues fänke mir alleguerten un NERVÖS ze gin, Portugal ass déck an der Préparatioun, en Donneschten 09/04/08 si mer dan ënnerwee fir déi bal 2000-Km !!!!!!!!
"" Portugal mir kommen / Portugal nós vir !!! ""